You have completed % of this survey
Caution: JavaScript execution is disabled in your browser or for this website. You may not be able to answer all questions in this survey. Please, verify your browser parameters.

Enquête iwwer aarbechtsbezunn Gesondheet a Fonctionnement (LU)

 

Léif Participant/e!

Mäin Numm ass Dr. Isabelle Albert an ech sinn eng Fuerscherin vun der Universitéit Lëtzebuerg. Ech géif Iech gären zesumme mam Dr. Philipp Sischka a mam Prof. Dr. Georges Steffgen invitéieren un enger Etude deelzehuelen déi sech mat de Gedanken, Gefiller a Verhalensweise vun de Mënschen am Zesummenhang mat hirer Aarbecht beschäftegt. De Projet gëtt vun enger internationalen Equipe ënnert der Leedung vum Dr. Edyta Charzyńska vun der Universitéit vu Schlesien zu Katowice (Polen) an dem Dr. Paweł Atroszko vun der Universitéit Gdańsk (Polen) ëmgesat. D'Etude gëtt an iwwer 60 Länner op 6 Kontinenten duerchgefouert a gëtt vum Nationale Wëssenschaftszenter a Polen finanzéiert.

Wann Dir déi folgend Krittären erfëllt, kënnt Dir un der Etude deelhuelen:
- Dir schafft zu Lëtzebuerg
- Dir sidd volljäreg,
- Dir schafft an enger Entreprise mat op mannst 10 Mataarbechter,
- Dir schafft op mannst e Joer bei Ärem aktuelle Patron,
- Dir schafft Vollzäit.

D'Etude dauert ongeféier 15 - 20 Minutten an ass anonym.

Fëllt de Froebou w.e.g. suergfälteg aus. Et gi keng richteg oder falsch Äntwerten. Fir eis ass eng éierlech Äntwert wichteg, déi reflektéiert wat Dir wierklech denkt a fillt. Als Merci fir Är Participatioun erhalt Dir no dem Ausfëllen Är Resultater mat enger iwwersiichtlecher Beschreiwung. Dest liwwert Iech wichteg a wäertvoll psychologesch Informatiounen, déi Iech weider hëllefe kennen Iech selwer, Äert Verhalen a besonnesch Äert Fonctionnement op der Aarbecht besser ze verstoen. Op dës Manéier kann et Iech hëllefen Abléck an Är Stäerkten a Schwächen ze kréien.

 

Mat frëndleche Gréiss
Isabelle Albert, Philipp Sischka & Georges Steffgen